
Schampes gëtt op engem begrenzte Gebitt no strenge Reegelen ugebaut, dat géif kee stännege Wuesstem erlaben, sou den David Châtillon, President vum Verband vun de Schampes-Produzenten. 2023 wieren deemno 299 Millioune Fläsche verkaaft ginn, dat sinn ongeféier 8% manner wéi d’Joer virdrun. Dobäi louch den Ëmsaz awer weiderhi bei iwwer sechs Milliarden Euro.
Den Export mécht den Ament 57% vun der Vente aus, virun 10 Joer waren et nëmme 45%. De Bannemaart géif staark ënnert der Inflatioun wéi um Export leiden, betount de Verband. D’Strategie besteet lo doran, manner, awer dofir deiere Schampes ze verkafen. Wéinst der Corona-Pandemie war d’Vente 2020 op 245 Millioune Fläschen zeréckgaangen. An de Joren dono waren 320 an 326 Millioune Fläsche Schampes verkaaft ginn.