
Et wier e Seegen, d’Mamm vum deem Klengen ze sinn, eng gréisser Léift géing et net ginn, sou d’Naomi Campbell. Méi Informatiounen huet dat brittescht Model net präisginn, weder iwwert den Numm, nach iwwert d’Geschlecht. D’Kleed, dat de Puppelchen op der Foto unhuet, deit mol dorop hin, dass et e Meedche kéint sinn.
Vill Fans waren irritéiert iwwert dës Noriicht, well net bekannt ass, ob d’Campbell den Ament e Partner huet. Mat engem schwangere Bauch gouf d’Fashion-Ikon och ni gesinn. Bei engem Punkt ass sech d’Fan-Communautéit op Instagram awer eens: D’Naomi wäert eng gutt Mamm ginn, sou hir Follower, déi hir alles Guddes wënschen.