Corona intergallakteschD'Pandemie packt et an déi klingonesch Sprooch

RTL Lëtzebuerg
De Wuertschatz am Klingonesche gouf mat der Pandemie méi grouss, well och "Corona" huet et an d'Star-Trek-Sprooch gepackt.
© AFP Michel Comte

Och déi ausserierdesch “Trekkie"-Sprooch Klingonesch huet säi Wuertschatz mat Corona erweidert”, seet de Star-Trek-Sproochexpert Lieven L. Litaer. Den Expert vun dëser erfonnter Sprooch huet extra beim US-Sproochwëssenschaftler Mark Okrand nei Wieder fir d’Klingonescht ugefrot an hie krut se.

Esou goufe Covid “qo’vID wa’maH Hut” a Coronavirus “qoro’na javtIm” zum Beispill an d’Repertoire opgeholl, ma och den #StayHome gëtt et elo an der Konschtsprooch "#juHDaqratlhjay’”

Zanter den 1985er Joren huet déi klingonesch Sprooch sech ëmmer weiderentwéckelt. Aus Ufanks ronn 1.800 Wieder ginn et der haut eng 4.000. All Joer kommen e puer nei Wierder dobäi.

De Litaer, dee selwer Coursen am Klingoneschen ubitt, schätzt, datt op der Welt eng 20 bis 30 Leit fléissend Klingonesch schwätzen, eng Sprooch mat villen Zongebriecher a Keelkapp-Téin.

Back to Top
CIM LOGO