Mat spezieller Wiessel-AppD'Panini-Stickeren fir d'EM 2020 sinn do

RTL Lëtzebuerg
Traditionell kënnt jo vir all gréissert Futtball-Turnéier, wéi zum Beispill d'WM, d'EM oder d'Champions League e Sticker-Album vun der Firma Panini eraus.

Den 20. Mäerz da gëtt de Verkaf vun der “UEFA Euro 2020 Sticker Collection” lancéiert. An sech hätt d’Päck-Oprappen, d’Päschen an d’Sammele schonn d’lescht Joer lassgoe sollen. Bis spéitstens d’Finall huet een jo mat e wéineg Getauschs a Organiséiers normalerweis den Album voll. Ma d’Pandemie huet der Saach awer e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

Ma elo geet de Verkaf vun de Biller awer definitiv lass, da e Samschdeg. Den Numm “EURO 2020" bleift iwwregens bestoen, d’Joreszuel wäert net ugepasst ginn.

Wéi ëmmer wäert een d’Biller an d’Albumen nees a Librairien, Epicerien, Tankstellen a Supermarchéen ze kréie sinn. Um Site vu Panini kascht e Pack 1 Euro, eng Këscht mat 100 Päck Stickere kascht 100€.

Am Ganze ginn et 678 Sticker déi ee sammele muss, a ka se an en Album mat 96 Säite pechen. All Ekipp huet 28 Biller, 20 dovunner si Portraite vu Spiller.

Ganz Speziell dës Kéier ass d’Schafe vun enger “Panini Collectors App”, déi entwéckelt gouf, fir vun doheem aus kënne Biller ze tauschen. Et schéckt een einfach déi getauschte Biller u Panini, déi se da ganz anonym weiderleeden.

Back to Top
CIM LOGO