
Fir d’Queen ass dat ee weideren Urenkelchen, dee sech ukënnegt. Dat huet de Palais e Mëttwoch an engem offizielle Message bekannt ginn.
Déi 32 Joer al Prinzessin hätt hirer Boma déi glécklech Nouvelle schonn annoncéiert an d’Freed bannent der Famill wier riseg. Fir den Edoardo Mapelli Mozzi ass et schonn dat zweet Kand, hien huet aus enger fréierer Bezéiung e Jong. De Christopher ass 2016 op d’Welt komm.
D’Nouvelle kënnt 10 Méint no der heemlecher Hochzäit am Juli 2020 mat just 20 Gäscht, sou wéi et an der Pandemie virgesi war. Der Prinzessin Beatrice hir méi jonk Schwëster Eugenie (31) ass am Februar dëst Joer fir d’éischt Mamm ginn.