JapanDréngend mënschlecht Bedürfnis suergt fir Verspéidung bei der Bunn

RTL Lëtzebuerg
Déi japanesch Bunn ass dofir bekannt, déi pénktlechst vun der Welt ze sinn. Eleng e puer Sekonne Verspéidung kënne scho vill Froen opwerfen.

Well e japaneschen Zuchchauffer wéinst Bauchwéi dréngend op d’Toilette misst, huet hien d’Kontroll vun der Maschinn, déi mat 150 Kilometer an der Stonn ënnerwee war, an d’Hänn vun engem onqualifizéierte Chauffer ginn. Ronn 160 Persoune waren zu deem Zäitpunkt u Bord.

Zwar war hien nëmme fir 3 Minutte fort, awer déi 180 Sekonnen hunn eng gréisser Ermëttlung ausgeléist. Dat, well den Zuch eng Minutt Verspéidung hat. Eppes, wat bei der japanescher Bunn ganz seele virkënnt. Kënnt eng Maschinn net pünktlech un, gëtt automatesch eng Enquête an d’Weeër geleet.

Den Zuchchauffer huet senge Virgesetzten erkläert, et wier him peinlech gewiescht, dat ze mellen. An der Reegel muss e Chauffer awer ëmmer an der Kabinn sinn, fir agräifen ze kënnen, falls eppes Onerwaartes geschitt. Bei engem Noutfall muss ee sech an Ofsprooch mat der Kommandozentral vun engem qualifizéierte Mataarbechter vertriede loossen oder ënnerwee oder op der nächster Gare unhalen.

Back to Top
CIM LOGO