RIPD'Stéifgroussmamm vum Barack Obama ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Sarah Obama ass am Alter vun 99 Joer an engem Spidol zu Kisumu, am Weste vu Kenia verscheet.
© AFP/Archiv/Simon MAINA

Wéi et vum Spriecher vun der Famill heescht, géing hiren Doud net am Zesummenhang mat enger Covid-19-Infektioun stoen. 1 Woch virun hirem Doud gouf si krank; hire Gesondheetszoustand huet sech dunn ëmmer méi verschlechtert.

Och wann d’Sarah net déi biologesch Groussmamm vum Ex-President war, huet hie si ëmmer als seng richteg Bom ugesinn. Hire Mann, den Hussein Onyango Obama, ass an de 70er Jore gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO