
Wéi de Weltverband vun der Phono-Industrie annoncéiert huet, ass d’Museksbranche 2020 ëm 7,4% gewuess, dat haaptsächlech wéinst de Streamingservicer, déi ëmmer méi populär ginn.
Am Ganzen huet d’Industrie zejoert 18,2 Milliarden Euro ëmgesat. Den Ëmsaz bei Streaming-Servicer wéi zum Beispill Spotify ass ëm 18,5% geklommen. Enn 2020 waren et 443 Millioune Clienten, déi fir Musek ze streame bezuelen. Mat 11,3 Milliarden Euro mécht de Streaming 62% vum Ëmsaz an der Branche aus.
Domadder kompenséiert de Streaming de Réckgang beim Verkaf vu physescher Musek an natierlech beim Verkaf vun Tickete fir Concerten, déi 2020 praktesch inexistent waren.