
Et ass den Namensdag vum hellege Stephanus, e Märtyrer aus dem Chrëschtentum dee vu 5 bis 34 no Chr. soll gelieft hunn, d’Quelle si sech net ganz eens. Et ass fir eis deen zweete Feierdag nom 25. Dezember, eng Traditioun déi wuel dohier kënnt, datt d’Chrëschtdagsfest bis viru gutt 100 Joer ëmmer iwwer 12 Deeg, bis de 6. Januar gefeiert gouf.
Zanter 1892 ass Stiefesdag hei am Land e gesetzleche Feierdag, grad ewéi och a villen aneren europäesche Länner. Bei eise franséischen a belschen Nopere gëllt dat allerdéngs nëmmen a verschiddene Landesdeeler.
Den Numm huet also näischt mat “stierwen” ze dinn, ewéi muncheree vun eis vläicht gemengt huet wéi en nach kleng war. Grad esou wéineg huet de “Boxing Day” eppes mat Boxmoulen oder Boxershorts ze dinn.

De “Boxing Day”, also och haut um 26. Dezember, ass eng Traditioun a Groussbritannien an anere Länner aus em Commonwealth. “Boxing Day”, den Dag vun de Kaddospäck, och “Day of Goodwill” genannt.
Fréier huet op dësem Dag den Adel säi Personal mat klenge Kaddoe belount, dacks och mat Iessensreschter vu Chrëschtdag. A Mëtt vum 20. Joerhonnert war et a Groussbritannien och Traditioun, datt d’Employéeë sech mat enger klenger Këscht bei de Patron hire Bonus fir d’Enn vum Joer froe gaange sinn, eng Zort 13. Mount.
An eng weider Quell seet, datt op Chrëschtdag an de Kierche Sue gesammelt gouf fir se den Dag drop un déi Aarm ze verdeelen.
Op alle Fall kann de “Boxing Day” haut mam amerikanesche “Black Friday” verglach ginn. Et ass e mega Shopping-Evenement. Awer och de Sport gëtt sech op dësem Dag Rendez-vous mat héich interessante Partien am Foussball, Rugby oder Äishockey.
Fir awer nees kuerz op eise Stiefesdag zeréckzekommen: Den hellege Stephanus gëtt anscheinend wéinst Kappwéi ugebiet ...
