Mount EverestD'Tsang Yin Hung aus Hong Kong ass a Rekordzäit eropgeklommen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass déi 44 Joer al Alpinistin, no enger Rekordzäit vu 25 Stonnen a 50 Minutten, um Sommet vum héchste Bierg op der Welt ukomm.

Bis ewell louch de Rekord bei de Frae bei gutt 39 Stonnen.

Déi nei Beschtzäit ass awer nach net als Weltrekord unerkannt. Dofir muss d’Alpinistin hir Wäerter nach de Guiness World Records virleeën. D’nepalesesch Regierung bestätegt zwar, wann Alpinisten um Sommet ukomm sinn, stellt awer keng Zertifikater fir Rekorder aus.

Back to Top
CIM LOGO