Päischtcroisière 2019E Samschdeg war d'Arrivée zu Venedeg an du goung et nees heem

RTL Lëtzebuerg
Wat hir Popularitéit ugeet, bleift si einfach e Phänomen! Rieds geet natierlech vun der Päischtcroisière, déi och 2019 nees ënnerwee ass.

Déi 34. Päischtcroisière mat Neptun Cruises ass vum 25. Mee bis den 1. Juni 2019 u Bord vun der MSC Musica ënnerwee vu Venedeg (Italien) iwwer Brindisi (Italien), Katakolon/Olympia (Griichenland), Mykonos (Griichenland), Piräus/Athen (Griichenland), Saranda (Albanien), Dubrovnik (Kroatien) hannescht op Venedeg (Italien).

VIDEO: Päischtcroisière 2019
Eng sonneg Visitt zu Piräus an zu Athen a Griicheland.

Hei op RTL.lu kritt Dir vun all Destinatioun flott Fotoe vun eise Fotografe Ketty a Rom Hankes, grad wéi vum Roland Miny (pressphoto.lu).

FOTOGALERIE vum Roland MINY op pressphoto.rtl.lu.

VIDEO: E Bonjour vun der Päischtcroisière
Wann een net oppasst, kritt een op der Päischtcroisière e Ständchen gesongen.

All d’Fotoen 2019

All d’Fotoe vun de leschte Päischtcroisièren am Iwwerbléck

HEI geet et op d’Iwwersiichtssäit “FOTOE vun der Päischtcroisière zeréck bis an d’Joer 2004!”

VIDEO: Loscht op ... d'Päischtcroisière
E puer Biller vum Depart zu Venedeg a vum Schëff.

De Programm 2019

Samschdes: Depart vu Venedeg
Sonndes: Brindisi (Italien)
Méindes: Katakolon/Olympia (Griichenland)
Dënschdes: Mykonos (Griichenland)
Mëttwochs: Piräus/Athen (Griichenland)
Donneschdes: Saranda (Albanien)
Freides: Dubrovnik (Kroatien)
Samschdes: Zeréck op Venedeg an dann heem op Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO