Déi grouss Léift online fannenEis Nolauschterer erzielen Iech hir Geschicht!

RTL Lëtzebuerg

An de leschte Méint war alles anescht, och d’Sich no engem neie Partner. Zum Gléck ginn et jo nach aner Weeër fir sech ze fannen - z.B. online!

Hei kritt Dir déi Geschichten erzielt, wéi e puer vun eise Nolauschterer, hir Léift online fonnt hunn.

Den Home Dating zesumme mat ICI Paris XL, dat bass du!

08.02.2021: Dem Julia seng Geschicht oder “Op der Sich nom Brudder déi grouss Léift fonnt”

Den Ufank mécht d’Julia wat säi Brudder e bësse Stalke wollt. Ma bis bei de Brudder ass déi Aktioun mol guer net komm.

Home Dating: Julia

09.02.2021: Dem Cathy seng Geschicht oder “e klasseschen Online-Dating huet seng Friichte gedroen”

Hei erzielt d’Cathy Iech, wéi sech hir Koppel fonnt huet.

Home Dating Cathy

10.02.2021: Dem Ginette seng Geschicht oder “e ganz spontane Date”

D’Gefiller beim Date ware schonn extra. Et huet gekribbelt an d’Nervositéit war grouss.

Home Dating Ginette

11.02.2021: Dem Joy seng Geschicht oder “Aus Spaass gëtt et Eescht!”

Joy huet sech als Spaass bei Tinder ugemellt. Um Enn gouf et e Picnic an eng glécklech Léift.

Home Dating Joy

12.02.2021: Dem Linda seng Geschicht oder “Eng albekannte Lëtzebuerger Plattform”

De Prinzip vum Home- oder Online Dating ass näischt neits. Beim Linda ass virun enger gudder Dosen u Joren nach iwwer eng albekannte Lëtzebuerger Plattform gaangen.

Home Dating: Linda

Back to Top
CIM LOGO