Catwalk tëscht LuxusautoenÉischten Drive-in-Defilé zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg en Owend konnte Fashion-Frënn a gesponserte luxuriéisen Elektroautoen a mat Schampesglieser am Grapp de Modelen nokucken.

Presentéiert gouf déi nei Kollektioun, ganz nom Motto: “D’Nuecht, déi eis feelt”. Wéinst der aktueller sanitärer Lag si keng Spectateuren op der Plaz erlaabt, dofir huet en neit Konzept missen hier. Déi meeschte Marke gräifen op en Online-Defilé am Internet zeréck. Coperni allerdéngs huet mat enger kreativer Iddi wëllen aus der Masse erausstiechen an eng Prêt-à-porter-Show tëscht Luxusautoen organiséiert.

No engem Joer Joggingsbox a Pyjamae wier et elo nees un der Zäit fir e bësse Glitzer a Freed, huet de Matbegrënner vu Coperni, de Sébastien Meyer, betount. Dowéinst goufen ënnert anerem Kleedungsstécker mat ville Pailletten, neonfaarweg Talleken, transparent Kleeder wéi och schëllerfräi Mäntel aus syntheteschem Pelz virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO