
Am Dezember 2020 hat hie bekannt gemaach, transgender ze sinn. E grousse Schratt fir de 34 Joer alen Hollywoodstar. Domat net genuch. E Freideg erschéngt hien als éischten Transgender-Mann um Cover vun der berüümter Zäitschrëft “Time-Magazine”. Als alleréischten Transgender-Fra hat d’Laverne Cox et am Joer 2014 op d’Titelsäit gepackt.
Et wier keng einfach Entscheedung gewiescht, sech ze outen, sou de Page. 2014 hat hie wësse gedoen, lesbesch ze sinn, a gesot, dass hien es sat hätt, sech ze verstoppen. 6 Joer méi spéit koum dunn den Outing, en Transgender-Mann ze sinn. Obwuel hien den Ament immens glécklech wier, hätt hien Angscht virum Haass, de Witzer an der Gewalt, huet de Schauspiller betount.
Bekannt gouf den Acteur ënnert anerem duerch seng Haaptroll am Film “Juno”. Hien huet och an der Netflix-Serie “The Umbrella Academy” matgespillt.