A Mexiko erfonntElo kënnt d'Nuesemask

RTL Lëtzebuerg
Pénktlech fir d'Ouverture vun den Terrassen zu Lëtzebuerg kéint se vläicht schonn do sinn: d'Nuesemask. Ass dat d'Léisung?

E Witz ass dat Ganzt jiddwerfalls net. Mexikanesch Fuerscher hunn d’Nuesemask entwéckelt. Gedroe gi soll se beim Iessen an Drénken. Dofir heescht se och “Eating Mask” a bedeckt just d’Nues.

De Risiko vun Infektiounen duerch de Virus soll esou op d’mannst e bësse reduzéiert ginn, soulaang een de Mond muss fräi hunn, fir z’iessen an ze drénken. Och beim Zänndokter kéint dës Nuesemask gedroe ginn.

Back to Top
CIM LOGO