Nowuess um HaffËmfro: Wéi eng Nimm sinn déi beléiftste Virschléi?

Philippe Dondelinger
Leschte Freideg op Kleeserchersdag koum déi flott Nouvelle: Um Lëtzebuerger Haff gëtt Nowuess erwaart!
VIDEO: Wéi eng Nimm sinn déi beléiftste Virschléi? (9.12.19)
Leschte Freideg op Kleeserchersdag koum déi flott Noriicht: Um Haff gëtt Nowuess erwaart!

E Freideg de Moien hat déi ierfgroussherzoglech Koppel annoncéiert, datt si Nowuess erwaarden. D’Freed net nëmmen um Haff, mä och beim Public war deementspriechend grouss. No 7 Joer huet et deemno geklappt, an esou op eng flott Nouvelle op Kleeserchersdag z’annoncéiere, ass méi wéi perfekt.

Am Mee 2020 soll déi kleng Prinzessin oder de klenge Prënz op d’Welt kommen, well nach ass net gewosst wat et gëtt. Wäert déi ierfgroussherzoglech Koppel mat deem séisse Geheimnis waarden bis zur Gebuert oder deele se mat, wat et gëtt?

Déi Fro wäerte mer wuel net sou direkt beäntwere kënnen, ma eventuell kënne mer der Koppel jo bei der Wiel vum Numm weiderhëllefen.

Et ass eng Fro, déi den Ament vill Leit beschäftegt: Wéi si déi zukünfteg Prinzessin oder den zukünftege Prënz nenne wäerten. Mir hunn Iech online ofstëmme gelooss a sinn och eraus froe gaangen, wéi Dir d’Kand nenne géift. Dobäi kucke mer awer och, wéi eng Virschléi vu Jongen- a Meederchersnimm et bei eiser Ëmfro an d’Top 5 gepackt hunn.

Back to Top
CIM LOGO