
Méi wéi 21 Millioune Mol gouf de Video op Tiktok scho gekuckt, zéngdausende Kommentare goufen hannerlooss.
De Video weist eng extrem kleng Wunneng mat nëmmen engem Raum, ouni Buedzëmmer an enger klenger Kichen, ouni Schäffchen. Toilette an Dusch sinn och net an der Wunneng, mä baussen am Gank, a gi schéi brav mat den anere Locataire gedeelt. An dat fir “läppeg” 1.650 Dollar, also 1.370 Euro de Mount. Allerdéngs wunnt een dann an der populäerster Géigend vu New York.
D’Wunneng soll am Deel West Village zu Manhatten sinn, eng genee Adress gouf net verroden.
New York ass bekannt fir seng horrend héich Loyeren an Immobiliëpräisser. Enger Etüd vun 2020 no si just nach d’Loyeren zu Hongkong an zu San Francisco méi héich. Wéinst der Pandemie sinn d’Präisser vun den Objeten awer e wéineg erofgaangen.