Op "Linkedin"Falsche Kont "Grand Duke Henri" op Plattform aktiv

RTL Lëtzebuerg
Den Haff huet an engem Schreiwes en Donneschdeg de Owend drop higewisen, dass op der Plattform Linkedin e falsche Kont vum Grand-Duc existéiert.
© Cour grand-ducale / Emanuele Scorcelletti

Den Haff präziséiert, datt dee Profil op Linkedin weder e Lien mam Haff, nach mam Grand-Duc Henri an och net mat der Societéit huet, déi do ernimmt gëtt. Et sollt een de Linkedin-Profil och mellen, soubal een drop stéisst.

Déi néideg Schrëtt säitens dem Haff goufen ageleet.

PDF: Schreiwes vum Haff

Back to Top
CIM LOGO