JapanFirma steet 2 Meloune fir ronn 20.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
All Joer stinn déi weltbekannte Yubari-Melounen op en Neits am Virdergrond vun de Schlagzeilen an de Medien.
© JIJI PRESS/AFP/

Et ass mëttlerweil eng Traditioun a Japan: Op der Insel Hokkaido gi Yubari-Melounen ënnert schwierege Bedéngunge geziicht an duerno fir deiert Geld versteet. D’Recolte fänkt ëmmer am Mee un an dauert bis an den Hierscht eran.

Dëst Joer huet eng Firma, déi Iesse fir Puppelcher hierstellt, am Kader vun dëser dach éischter aussergewéinlecher Auktioun am meeschte Suen op den Dësch geluecht, nämlech ronn 20.000 Euro (2,7 Millioune Yen). Dat ass ongeféier 22 Mol esou vill wéi lescht Joer, do waren et coronabedéngt knapp 120.000 Yen.

2021 si pénktlech zum Optakt vun der Saison 466 vun de weltberüümte Melounen ausgeliwwert ginn. Den Erléis vun där PR-Aktioun soll u Famillje mat klenge Kanner goen, déi am Virfeld via Internet ausgeloust goufen.

D’Stee ronderëm dëst Uebst ass de ganze Stolz vun där Regioun. Wien allerdéngs net esou vill Sue fir d’Yubari-Meloune wëll ausginn, dee ka se am Supermarché fir e puer dausend Yen kafen.

Back to Top
CIM LOGO