Wéi romantesch!First Lady léisst grouss Häerzer virum Wäissen Haus opriichten

RTL Lëtzebuerg
Fir Vältesdag suergt d'Jill Biden fir romantesch Stëmmung zu Washington.
© Crédit ALEX WONG / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Fir e bëssi Freed an Hoffnung ze verbreeden, huet si eng ganz speziell Bestellung an Optrag gi gehat. Rout, rosa a wäiss Häerzer goufe virun hirer Residenz opgeriicht, op deene Wierder wéi “Léift”, “Eenheet”, “Matgefill”, “Famill”, “Heelung” oder “Stäerkt” ze liese sinn.

Wierder, déi grad an Zäite vun engem gespléckten Amerika eng wichteg Roll spillen, fir d’Awunner nees ze vereenen.

Fir sécher ze goen, dass d’Häerzer richteg opgestallt ginn an dat ganzt Bild hirer Virstellung entsprécht, huet sech d’Presidentekoppel e Freideg de Moie lokal Zäit d’Installatioun ugekuckt. Zesumme mat hire First Dogs Champ a Major.

Bei dësem romantesche Geste ass et kaum verwonnerlech, dass Vältesdag de Lieblingsdag vum Jill Biden ass...

Back to Top
CIM LOGO