Tëschebilan PäischtkiermesForainen hoffen elo op Kiermes-Wieder

RTL Lëtzebuerg
D’Ouschter- an d’Päischtkiermes hunn zu Esch eng grouss Traditioun. Et ass de Rendez-vous fir Jonk a manner Jonk.
Forainen hoffen elo op Kiermes-Wieder
D’Ouschter- an d’Päischtkiermes hunn zu Esch eng grouss Traditioun. Et ass de Rendez-Vous fir Jonk a manner Jonk.

Ma wéinst de sanitäre Mesuren an ze héije Covidzuelen gouf et am Abrëll keng Kiermes. D’Päischt-Editioun, déi wollt ee sech awer net huele loossen an et huet een elo op véier verschidde Plazen uechter d’Gemeng de Foraine fir hir Buden a Spiller Plaz gemaach.

Fir vill vun de Forainen ass et den éischte gréisseren Event no dem Ufank vun der Pandemie an dofir si si och gréisstendeels frou, dass et rëm lassgeet.

Dat schlecht Wieder an de leschten Deeg huet se allerdéngs bis elo nach net vill verwinnt. Ma vun haut un schéngt et biergop ze goen an et freet ee sech zu Esch op déi nächste méi sonneg Deeg.

Back to Top
CIM LOGO