
Déi 38 Joer al Fra koum aus China an huet probéiert am Ganze 947 Sukkulenten a Kaktussen an Neiséiland ze schmuggelen, déi si an hire Strëmp hat an un hire Kierper gestréckt hat. D’Plazen, dorënner 8 menacéiert Aarten, haten e Wäert vu ronn 6.000 Euro.
Bei hirer Arees am Mäerz 2019 war e Spierhond op d’Fra opmierksam ginn. Si huet duerno zwar nach versicht, d’Planzen an enger Toilette z’entsuergen, gouf do awer vun de Sécherheetsleit entdeckt.
Lo gouf d’Fra wéi gesot fir dës Dot verurteelt. Zousätzlech zu de Sozialstonne gouf e Joer ënner Opsiicht gestallt. Dëst Urteel wier e Rappell u jiddereen, dee menacéiert Planzen oder aner Aarten an Neiséiland wéilt schmuggelen. Dat gëtt bestrooft. Neiséiland huet streng Gesetzer, wat d’Aféiere vu Planzen ugeet.