
Iwwer 14 Millioune Mol gouf dësen dach scho skurrille Video op Twitter ugeklickt. Ugangs der Woch hat d’Militär am südostasiatesche Land d’Muecht u sech gerappt. Wéineg beandrockt vun där ganzer Zeenerie am Hannergrond huet eng Sportsproff gewierkt, déi hiren Aerobic-Programm weider duerchgezunn huet, obwuel Militär-Gefierer laanscht si gefuer sinn a Stroossespären opgeriicht goufen.
Zanter Méint dréint si am Kader vun enger “Fitness Dance Competition” op der selwechter Plaz Videoen. Op d’Spekulatiounen, dass et sech bei dësem Video ëm e Fake handelt, huet déi jonk Proff direkt reagéiert an eeler Videoe gepost, an deene si op där selwechter Plaz trainéiert.