
Déi 39 Joer al Amy Natasha Wilhite war Mëtt Februar wéinst diverse Strofdoten, ënner anerem Drogebesëtz, verhaft ginn. Ier si inhaftéiert gouf, ass si net just eng Kéier, ma souguer 3 Mol duerchsicht ginn, ouni dass e Revolver bei hir fonnt gi wär, dee si doropshin hanner Gitter geschmuggelt huet.
Méi wéi 2 Wochen duerno eréischt ass d’Waff entdeckt ginn. Bei der Investigatioun sollt sech dunn erausstellen, dass d’Fra de klenge Revolver Kaliber 22 an enger vun hire Kierperëffnunge verstoppt hat, wéi d’Police vu Boone County am US-Bundesstaat Missouri matgedeelt huet. Dem Portal “The Smoking Gun” no sollt et sech dobäi ëm hir Scheed gehandelt hunn.