De Georges Carbon, President vum ‘Conservatoire National de Véhicules Historiques’, wëll, dass de Kuebe Néckel net a Vergiess geréit. Nicolas Koob, ‘Vom Busfahrer zu Luxemburgs Automobilsportler des Jahrhunderts’ heescht et am Ënnertitel vun engem neie Buch, dat de CNVH an Opdrag ginn huet an de Yan Kremer zesummegesat huet. Den automobilbegeeschterten Geschichtsstudent war déif an d’Archiven kromen an ass bei Frënn a Bekannten op allméiglech interessant Iwwerliwwerunge gestouss. Nieft dem nationale Sport, an deem den Néckel mat 28 Joer aktiv ginn ass, stécht virun allem de Rallye Monte Carlo eraus. Vill Coupen a Pokaler erënneren drun, wéi dacks hien uewen an der Spëtzt vu groussen Coursse stoung a 1991 ass hien eng leschte Kéier un den Depart gaangen. cnvh.lu

D’Isabell Langers Stübing huet sech als Kënschtlerin beim Steampunk inspiréiert. Si ass begeeschtert vum Vintagestyle a schafft mat Bëton, Acryl, Papier mâché oder Gips. Si verännert gären Objeten an haucht hinnen neit Liewen an, egal op dobäi um Enn en Déier, e Mannequin, e Piano oder en aussergewéinlech Bar erausspréngt. Gebierteg ass d’Isabell vu Speyer am Rhein an huet sech 1994 mam Architekt Roger Langers bestuet. Bei hiren Workshoppen an der ‘Waxmillen’ zu Péiteng gëtt si hier Léift zur Konscht virun an den Interessi bleift grouss. www.facebook.com/isabell.langersstubing

De Marc Antoine Le Bret ass e jonke Genie an Imitatiounen a kënnt muer an de Casino. Um Ufank vu senger Karriär huet hien ee Festival nom anere matgemaach an e sëllege Präisser gewonne. 2008 gouf hie vum Yves Le Rolland, dem fréieren artisteschen Direkter vun de ‘Guignols de l’info’, entdeckt. Dono war hien Invité vum Patrick Sébastien an der Sendung ‘Les Années bonheur’, Hie war awer och ëmmer wëllkomm op ville franséische Radiostatiounen an zanter 2023 lauschteren all Owend iwwer 1 Mio Auditeuren op RTL France ‘Le Bret King News’. Dëse Samschdeg ass hien zu Mondorf a weist, dass hien nieft sengem Repertoire mat 100 Stëmmen vum Mika, Emmanuel Macron, Chantal Ladesou a Laurent Delahousse och nach e ganz besonneschen Humor huet. marcantoinelebret.fr

www.michischreiber.de
