
Als Doudeszäitpunkt huet d’Geriicht zu Passau den 9. September 2018 um 8.55 Auer (Lokalzäit) uginn. D’Autoritéite gi vu Suicide aus. Op engem Iwwerwaachungsvideo vum Schëff ass nämlech ze gesinn, wéi eng Persoun vu Bord gesprongen ass.
Den 10. September 2018, een Dag nom Virfall, gouf nom Daniel Küblböck gesicht, ma wéinst enger kuerzer Iwwerliewenschance am kale Mier gouf d’Sich nees agestallt.
Et wier schwéier, mam Doud vun enger Persoun ofzeschléissen, wann d’Läich net fonnt gëtt, huet säi Papp der “Passauer Neue Presse” géintiwwer gesot. Am August 2020 gouf beim Geriicht eng Demande agereecht, fir de Kënschtler als dout z’erklären. Medieberichter no hätt eng fréier Assistentin dës Demande gemaach gehat.
Duerch säin Optrëtt an der alleréischter Staffel vun DSDS ass den Daniel Küblböck bekannt ginn. 2002 koum hien op déi 3. Plaz an der Casting-Show. Mat senger verréckter Aart a Weis konnt hie vill Spectateure fir sech gewannen. No sengem Optrëtt bei Deutschland sucht den Superstar war hien och als Schauspiller, Entrepreneur an Jazz-Museker aktiv.