Am VatikanGrand-Duc Guillaume a Grand-Duchesse Stéphanie op Besuch beim Poopst Leo XIV.

RTL Lëtzebuerg
No der Belsch, Däitschland an Holland ass d'Visitt am Vatikan déi véiert Auslandsrees vum neie Grand-Duc.

D’groussherzoglech Koppel ass e Freideg fir en Héiflechkeetsbesuch beim Poopst Leo XIV. am Vatikan. Mat derbäi hate si och hir Kanner, de Prënz Charles an de Prënz François. De Grand-Duc Guillame an d’Grande-Duchesse Stéphanie gi vum Ausseminister Xavier Bettel begleet. Dat huet den Haff Ufank der Woch matgedeelt. De Grand-Duc an de Minister wäerten och eng Audienz beim Monseigneur Pietro Parolin hunn, Se Staatssekretär vum Poopst.

Back to Top
CIM LOGO