De Client ass KinnekHessen: Chauffer liwwert Pizza no Accident ze Fouss aus

RTL Lëtzebuerg
Glat Stroossen, äiseg Keelt an dann nach en Accident: Trotz Komplikatiounen huet e Liwwerant seng Missioun erfëllt an dem Client d'Pizza Heem bruecht.
© AFP

Dat, obwuel hie kuerz virdrun zu Hungen (Hessen) d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat an accidentéiert ass. Den Auto huet sech dobäi iwwerschloen an ass am Gruef gelant. De Materialschued ass grouss, dem Automobilist ass awer näischt geschitt.

Dowéinst ass hie kuerzerhand aus dem Auto geklommen an huet sech mat der Pizza op de Wee gemaach. Net a Richtung Spidol oder Dokter... mee bei de Client, schreift den däitschen RTL.

Eréischt nodeems hien d’Iessen ausgeliwwert hat, huet hie sech an enger Ambulanz ënnersiche gelooss. E Betrib, deen hält, wat e versprécht: Well hei ass de Client tatsächlech Kinnek!

Back to Top
CIM LOGO