Wéinst Epstein-Skandal?Hochzäit vun der Prinzessin Beatrice gëtt net live iwwerdroen

RTL Lëtzebuerg
Anescht wéi bei hirer Schwëster Eugenie, gëtt d'Hochzäit vun der Prinzessin Beatrice net live op der Tëlee iwwerdroen.
© Twitter / The Royal Family

Eng Sendung mat Live-Biller wier net geplangt, sou ITV der brittescher Daily Mail géigeniwwer. Der Prinzessin Eugenie hir Hochzäit (2018) gouf wärend 3 Stonne live ausgestraalt. Am Ganzen hunn deemols ronn 3 Millioune Britten dat royaalt Evenement matverfollegt.

E Grond, wisou op eng Live-Iwwerdroung verzicht gëtt, gouf net genannt. Et gëtt ugeholl, dass de Skandal ëm de Prënz Andrew eventuell kéint eppes domat ze dinn hunn. De Papp vun der Prinzessin Beatrice ass nämlech wéinst senger Verwécklung an den Epstein-Skandal virleefeg vu sengen ëffentlechen Ämter zeréckgetrueden. E Bekannte vun der Famill soll Daily Mail géigeniwwer verroden hunn, dass zu kengem Zäitpunkt eng Iwwerdroung vun der Zeremonie virgesi war.

No 11 Méint Bezéiung haten den Edo Mapelli Mozzi an d’Prinzessin Beatrice ëffentlech annoncéiert, dass si sech verloobt hätten. Geplangt ass de groussen Dag fir Ufank Juni.

Back to Top
CIM LOGO