
Zanter sengen Etüden ass den hollännesche Kinnek vun der Loftfaart begeeschtert. 1985 krut hie seng Lizenz als Privatpilot, 1987 seng kommerziell Lizenz, an 2001 huet hien dunn nach eng “Airline Transport Pilot Licence” gemaach. Duerch dës Zouloossung konnt hie reegelméisseg als Kopilot op de Fokker 70 vun de KLM Cityhopper fléien a sou bei europäesche Strecke vun an op Amsterdam am Cockpit sëtzen.
De Kinnek huet sech dobäi iwwer Mikro einfach als Willem-Alexander virgestallt a genee déi selwecht Prozedure respektéiert, wéi déi aner Piloten. Hien ass am Duerchschnëtt zweemol de Mount geflunn.
Well d’KLM Cityhopper och vun Amsterdam op Lëtzebuerg geflu sinn ass et gutt méiglech, datt de Willem-Alexander bei Flich op dëser Streck dobäi war. Eng offiziell Confirmatioun dozou gëtt et awer net. Den hollänneschen Haff an och d’KLM hunn ni ugekënnegt, op wéi eng Destinatiounen hie konkret geflunn ass, fir d’Sécherheet an d’Diskretioun ze garantéieren.
2017 huet KLM Cityhopper seng Fokker-70-Flott aus dem Verkéier geholl an domat dëser diskreter Period en Enn gesat. De Willem-Alexander huet duerfir eng Formatioun fir Fligere vum Typ Boeing 737 gemaach a konnt sou weider am Cockpit matreesen, virun allem op offizielle Flich mam PH-GOV, dem Regierungsfliger. Wärend der Pandemie huet hie seng Qualifikatioun duerch Trainingen am Simulator behalen.
Well de Kinnek haut 58 Joer huet an dat d’Alterslimitt fir Pilote bei der KLM ass, flitt hien net méi op reguläre Linnen. Hien ass awer weider Pilot bei offiziellen Deplacementer an denkt, sou d’hollännesch Press, driwwer no, seng Passioun duerch weider Formatiounen, wéi mam Airbus A321neo, auszebauen.