Live! Planet People am ReplayJenna D. Liberatore, Kary Barthelmey a Serge Tonnar

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People goung et ëm Schreiwen, Fotographie a Livemusek.
Live! Planet People vum 21. Mee 2021
Eis Invitéeë vun haut: Jenna D. Liberatore, Kary Barthelmey a Serge Tonnar

D’Jenna D. Liberatore begeeschtert sech fir reesen, kachen an de Piano, mä duerch d’Schreiwen huet se sech en Numm gemaach. Schonn mat 8 Joer huet se éischt Texter op d’Blat bruecht, mat 15 koum hir éischt Novelle eraus, deemools nach op Däitsch, awer bis bei hiert éischt Buch war et wäiten Wee. Mat “The Confines of Eden” ass elo hiert drëtt Buch eraus, wou se eis mat a Russland mathëlt op de Spueren vun der jonker Dänzerin Masha. Op Liesunge wëll se elo nees verstäerkt hir Lieser begéinen.

D’Kary Barthelmey stécht ënner de Fotografen eraus, duerch hir Fotoen mat verléifte Koppelen a Fraen an aneren Ëmstänn. Viru 4 Joer huet se hire Fotostudium ofgeschloss, a sech direkt fir e ganz besonnesche Projet begeeschtert. Fotoshootings vun der Castingshow “Germany’s Next Topmodel” stellt si exakt no an hirem Atelier an ersetzt de Model aus der TV-Show duerch Fraen, déi e Puppelchen erwaarden. En Challenge, deen hir bis haut grouss Freed mécht a Succès huet a sou kann se och hir Virléift fir Design a Moud mat abréngen.

Den Serge Tonnar ass alt nees deen Éischte. No de Concerten “live aus der Stuff” d’lescht Joer dierf hien haut virun 1.000 Leit an der Rockhal optrieden. D’Opreegung ass grouss, seng Fans endlech erëmzefannen an hie schreift och Geschicht, well et ass och de gréisste Concert zanter Ufank vun der Pandemie virun Leit op der Plaz. Mat Schnelltester a feste Sëtzplazen ass et och fir de Museker en Ufank vun Normalitéit déi zréckkënnt an et wäert och gläichzäiteg d’Première vun 3 neien Stécker sinn déi am Lockdown entstane sinn.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO