MedieberichterKanner vum Prënz Philip ierwe Bicher, Personal dogéint Millioune Pond

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Prënz Philip am Abrëll am Alter vun 99 Joer gestuerwen ass, goufen elo éischt Detailer iwwert säin Testament verroden.
© AFP/File/Adrian DENNIS

Wéi déi brittesch Zeitung “The Sun” mellt, déi sech op kinneklech Quelle berifft, géing en Deel vu sengem ronn 35 Milliounen Euro schwéieren Ierwen u säi Personal goen. Fir genau ze sinn un de Privatsekretär Brigadier Archie Miller-Bakewell an un déi 2 enk Mataarbechter William Henderson a Stephen Niedojadlo. Si stoungen dem Prënz Philip bis viru sengem Doud zur Säit an hunn him Gesellschaft geleescht. Si waren och beim Begriefnis de 17. Abrëll op Schlass Windsor dobäi, nieft héichrangege Membere vun der brittescher Kinneksfamill. De gréissten Deel vun der Milliounenzomm ierft allerdéngs seng Fra, d’Queen Elizabeth II.

Weider heescht et vun där Quell, dass d’Kanner sech ënnert anerem an der Bibliothéik vum Palais bedéngen dierfen. Dës zielt ronn 13.000 Bicher.

Back to Top
CIM LOGO