Parodie géint de KlimawandelKeelste Gemeng a Finnland mécht Demande fir Summerspiller 2032

RTL Lëtzebuerg
D'Gemeng Salla am Norde vu Finnland huet mat enger parodistescher Demande fir déi Olympesch Summerspiller 2032 nawell fir vill Reaktioune gesuergt.

A Salla a Lapland sinn et am Wanter gutt a gär mol Minus 50 Grad. U Summerspiller denkt een do eigentlech net. Déi finnesch Gemeng huet hir Demande trotzdeem gemaach an hannendru stécht eng Campagne géint de Klimawandel.

Si maachen eigentlech drop opmierksam, dass si ëmmer méi waarm Summeren erliewen an ëmmer méi kuerz Wanteren. Wat ausgesäit wéi e Witz, ass deemno en dréngenden Appell.

Hir Theorie: Wéinst dem Klimawandel wäerte Schnéi an Äis an den nächste Jore schmëlzen a Concourse wéi Schwammen, Dauchen, Surfen a Beachvolleyball méiglech maachen. An engem ironesch gemengte Video freeë sech d’Awunner vu Salla, dass sech de Schnéi a Sand verwandelt.

De Buergermeeschter vu Salla, Erkki Parkkinen sot der Noriichtenagence dpa géintiwwer, dass si sech Suergen ëm eise Planéit maachen. Si wéilten, dass déi ganz Welt sech am Kampf géint de Klimawandel engagéiert. Besonnesch an där kaler Regioun géif ee mierken, wéi sech d’Klima verännert. Ënner anerem fannen déi ronn 10.000 Rendéieren an der Gemeng nëmme schlecht Fudder an et wier ëmmer méi onsécher Schi an der Regioun ze fueren.

Back to Top
CIM LOGO