
Dir genéisst d’Opmierksamkeet an d’Klicke vun de Leit, soubal se eppes Neies bei Iech op der Säit entdecken. A si mer mol éierlech, et deet dach richteg gutt, wann een de Matmënschen doheem kann d’Zong laang maachen mat senge flotte Vakanze-Fotoen an dofir och nach Likes akasséiert.
Sou ganz bëlleg si Vakanze meeschtens ni. Wann Dir awer weder Suen nach Zäit hutt, awer absolut net kënnt op de Facebook-Hype verzichten, gëtt et elo déi ideal Léisung: Faked eng Vakanz!
Eng nei Online-Firma, mat Sëtz am Nebraska huet sech do eppes afale gelooss. Si hëllefen Iech déi perfekt Vakanz ze faken. An dat geet ganz einfach: Wielt ee vun hire Vakanze-Packagen eraus - entweder e klenge Mini-Trip vun 19 Dollar un, bis hin zum exklusive Package mat der Destinatioun Ärer Wiel - a scho gesäit et aus, wéi wann Dir grad op Hawaii d’Sonn genéisst.