D'Liewen 2020 an 2021Kënschtler kreéiert witzeg Biller vun Disney-Figuren am Lockdown

RTL Lëtzebuerg
Elo ass et eriwwer mat der Romantik. E Kënschtler weist, wéi sech d'Disney-Prinzessinnen an aner bekannte Figuren hautdesdaags am Lockdown géinge weisen.
© Andhika Muksin / Facebook

Prinzessinne sinn och just Mënschen, dee Sproch passt allemol zu de Biller vum indonesesche Kënschtler Andhika Muksin, besonnesch awer, wann ee sech seng Biller-Serie iwwer bekannten Disney-Figuren ukuckt. Do ass et ganz séier eriwwer mat der Märchen-Romantik.

De Kënschtler huet sech virun der Lockdown-Serie schonn Disney gewidmet, mat realisteschen Alldags-Situatiounen oder eben typeschen Disney-Momenter a wéi se a Wierklechkeet géingen ausgesinn.

Back to Top
CIM LOGO