Perséinleche Message op der TëleeKriibsbehandlung vu Kinnek Charles III. schléit un

AFP
Bal zwee Joer, nodeems bekannt gouf, datt de Kinnek Charles III. Kriibs huet, huet de brittesche Monarch matgedeelt, datt et "gutt Nouvelle" géing ginn.
Fast zwei Jahre nach Bekanntgabe seiner Krebserkrankung hat der britische König Charles III. Erfolge bei der Behandlung bekanntgegeben. Unter anderem dank Früherkennung und wirksamer Behandlung könne sein Behandlungsplan "im neuen Jahr verringert werden", sagte der Monarch.
© POOL/AFP

An engem Videomessage, dee vum Sender Channel 4 publizéiert gouf, huet de brittesche Kinnek Charles III. e Freideg den Owend “gutt Nouvellen” matgedeelt. Deemno kéint - duerch dat fréit Erkennen, enger wierksamer Behandlung an dem Anhale vun den Instruktioune vun den Dokteren - säi Behandlungsplang “am neie Joer reduzéiert ginn”.

De 77 Joer ale Monarch huet sech an engem “perséinleche Message” am Kader vun enger Campagne fir d’Opklärung iwwer Kriibs geäussert. Dobäi gëtt all Joer zu Spende fir d’Kriibsfuerschung opgeruff.

“Ech weess aus eegener Erfarung, datt eng Kriibsdiagnos iwwerwältegend ka sinn”, gëtt den Charles III. zou. Hie wéisst awer och, datt eng fréizäiteg Erkennung “de Schlëssel ass, deen de Behandlungsverlaf verännere kann, an deem hien de medezineschen Ekippe wäertvoll Zäit verschaaft - an hire Patienten de Kaddo vun der Hoffnung”.

D’Kinnekshaus hat am Februar zejoer bekannt ginn, datt den Charles III. u Kriibs erkrankt ass. Wéi eng Aart Kriibs gouf deemols net gesot. De Monarch hat sech no der Annonce vun der Diagnos e puer Wochen aus der Ëffentlechkeet zréckgezunn, antëscht geet hien awer nees reegelméisseg op Rendez-vousen. Am Mäerz huet hie wéinst Niewewierkunge vu senger Behandlung kuerzzäiteg missen an d’Spidol. Och bei sengem Message op der Tëlee huet de Monarch net gesot, wéi eng Aart Kriibs hien hätt, grad ewéi wéi eng Aart un Therapie.

Hien huet sech awer immens beonrouegt doriwwer gewisen, datt “op d’mannst néng Millioune Leit an eisem Land” sech net am Viraus op Kriibs ënnersiche loossen. Dëst wieren “op d’mannst néng Millioune verpasst Chancë fir eng fréizäiteg Diagnos”, esou de Kinnek Charles nach. Donieft huet de Monarch “d’Progrèsen” an der Kriibsbehandlung a -Preventioun gelueft.

Dobäi huet hien nach betount, datt “bei Daarmkriibs am Fréistadium eng néng vun zéng Mënschen op d’mannst fënnef Joer” iwwerlieft hunn. Bei enger méi spéider Diagnos ass dës Zuel “op nëmmen ee vun zéng” erofgaangen. Aus dem Ëmfeld vum Kinnekshaus heescht et, et sollt net dovun ausgaange ginn, datt de Kinnek wéinst Daarmkriibs behandelt gëtt.

D’Bereetschaft vum Kinnek Charles III. ëffentlech iwwer seng Krankheet ze schwätzen, weist den Ënnerscheed zu der Amtszäit vu senger Mamm. De Gesondheetszoustand vun der Queen Elizabeth II. war joerzéngtelaang e streng geschützt Geheimnis.

Back to Top
CIM LOGO