Vu Produzent vergewaltegtLady Gaga schwätzt oppen iwwer hir Erfarunge vu sexuellem Mëssbrauch

RTL Lëtzebuerg
An der neier Doku-Serie "The Me You Can't See" huet d'Popsängerin vun Ereegnesser aus hirer Vergaangenheet erzielt, déi hir haut nach ze schafe maachen.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Emma McIntyre

An der éischter Folleg vun der Serie vum Oprah Winfrey a Prënz Harry huet déi 35 Joer al Sängerin oppen doriwwer geschwat, wéi si am Alter vun 19 Joer vun hirem deemolege Produzent vergewaltegt a geschwängert gouf. Den Numm vun där Persoun huet si allerdéngs net verroden. Nom sexuelle Mëssbrauch hätt hien d’Lady Gaga an der Géigend vun hirem Elterenhaus op der Strooss ausgesat. Virdru gouf si wärend Méint “am Studio agespaart”.

Wat dëst an der Oscar-Gewënnerin ausgeléist huet, huet si am Interview ënner Tréinen erzielt. Un d’Dot selwer kéint si sech net méi erënneren, awer un d’Péng no der Vergewaltegung. Als Folleg huet si net nëmme psychesch immens gelidden, ma och kierperlech. Nach Joren duerno huet si sech stänneg missen iwwerginn. Ausserdeem hätt de Popstar ëmmer nees driwwer nogeduecht, hirem Liewen en Enn ze setzen a sech selwer wéi ze doen. Bis haut leit si ënnert dem Mëssbrauch.

Zum Schluss huet si sech un all d’Leit dobausse geriicht, déi Änleches materlieft hunn: “Wësst Dir, wisou et net gutt ass, sech selwer wéi ze doen? Well et Iech duerno nach méi schlecht geet”, sot d’Lady Gaga. No ville Joren ass et hir gelongen, sech aus dëser mësslecher Lag ze befreien. Allerdéngs ass et e Prozess, dee vill Zäit an Usproch hëlt, betount d’Musekerin.

Back to Top
CIM LOGO