"Jiddereen ass groussaarteg"Lego zelebréiert sexuell Diversitéit mat engem Set neie Figuren

RTL Lëtzebuerg
De Set gouf en Donneschdeg vun der dänescher Firma presentéiert, ënnert dem Motto "Jiddereen ass groussaarteg".
© AFP Archivbild

E besteet aus 11 Figure mat ënnerschiddleche Coiffuren. All Figur huet eng Reebou-Faarf, dat heescht an de Symbolfaarwe vun der Beweegung fir Rechter vu sexuelle Mannerheeten.

Et hätt ee wëllen e Lego-Set kreéieren, dat “d’Inklusivitéit symboliséiert a jiddereen zelebréiert - egal wéi e sech identifizéiert oder wien e gär huet”, huet de Lego-Designer Matthew Ashton erkläert. Hien huet ervirgehuewen, dass Kanner “vill méi tolerant” wieren, wat Ënnerscheeder tëscht de Mënsche betrëfft. “An ech denken, dat ass ee vun de Saachen, déi mir all vun eise Kanner léiere kënnen”.

Den Ashton huet sech selwer als Member vun der LGBTQI-Communautéit bezeechent.

Den neie Set aus am Ganzen 346 Eenzelstécker kënnt den 1. Juni an den Handel. Juni ass fir sexuell Mannerheeten de “Pride Month”, an deem si ronderëm d’Welt hir Identitéit zelebréieren a fir hir Rechter kämpfen.

Back to Top
CIM LOGO