Vu Kairo bis op Kapstadt Lëtzebuerger fiert dausende Kilometer mam Vëlo duerch Afrika

Céline Spithoven
Zënter Februar suivéiert RTL en Diddelenger Osteopath, dee sech fir den Ufank vu senger Pensioun direkt e grousse Projet virgeholl huet: En Tour duerch ganz Afrika mam Vëlo.
Zënter zwee Méint sëtzt den Dan Leiner all Dag um Vëlo op sengem Tour duerch Afrika.
Zënter zwee Méint sëtzt den Dan Leiner all Dag um Vëlo op sengem Tour duerch Afrika.
© Dan Leiner

An Ägypten huet den Tour den 31. Januar ugefaangen an hei goung et fir de Sportbegeeschterten direkt 500 Kilometer iwwert d’Autobunn. Dat ganzt natierlech mat Police-Eskort. Den Dan Leiner fiert nämlech net eleng, mee zesumme mat gutt 30 anere Cycliste vun enger Agence encadréiert den Tour d’Afrique. No Ägypten goung et weider iwwer Kenia an Tansania, du weider an de Malawi, Sambia, Simbabwe, Botswana a virun e puer Deeg ass den Dan Leiner an Namibia ukomm. E gudden Deel vun der Streck huet den Diddelenger also scho gepackt, ronn 6.000 Kilometer huet de Vëlo elo um Tacho stoen.

Den Dan Leiner erzielt vun de leschte Woche vum Tour d’Afrique

Uganks huet de Pensionär sech missen un d’Hëtzt gewinnen. Esou laang Tier bei 30 bis 40 Grad ënner praller Sonn, dat war eng kierperlech Erausfuerderung. Op sengem Passage duerch Sambia a Simbabwe wier awer éischter d’Reenzäit e Problem gewiescht: “Et huet scho seng Spueren hannerlooss.“Mee den Éiergäiz ass staark beim fréieren Osteopath an dësen hätt sech och gelount. “Trotz allem bleiwe fantastesch Andréck, Emotiounen a Kontakter mat der afrikanescher Welt”, erzielt den Dan Leiner.

Nach ronn 2.000 Kilometer huet de passionéierte Sportler viru sech, fir den 20. Abrëll da finalement zu Kapstadt unzekommen. An trotz der immenser Erfarung freet den Dan Leiner sech sou lues a lues op de Schluss. No méi wéi zwee Méint zesummen, hätt de Grupp momentan e klenge Lagerkoller. De Sportler war op dësem Tour och gefall an huet misse gebutt ginn. Dës Blessur ass gutt verheelt an d’Moral, wéi och d’Been, géifen ëmmer nach matmaachen. Am Vierdergrond sti beim Diddelenger ëmmer nach déi vill positiv Erfarunge mat den ënnerschiddleche Kulturen an der diverser Déieren- a Planzewelt.

Wéi och scho bei fréiere Projete sammelt den Dan Leiner och bei dësem Tour Spende fir d’Kannerheem Fikelela a Khayelitsha, Südafrika.

Back to Top
CIM LOGO