
Iwwert e Mount si se elo ënnerwee, de leschte Weekend ware se kuerz viru Sambia. Wéi war et bis elo?
“Éischt Erfarunge plus minus positiv. Wat nei war, an Ägypten 500 Kilometer iwwert d’Autobunn ze fueren, eskortéiert vun der Police, duerno extreem flott Impressiounen, Kenia, Tansania an och de Malawi. D’Erfarunge mat de Leit net negativ, och wa si den Ënnerscheed kloer mierken tëscht deene Wäissen um Vëlo an hinnen, awer absolut beandrockend.”
Nei fir den Dan Leiner ass awer och, datt den Tour guidéiert ass.
“Wat awer elo nei fir mech ass, dat ass deen éischte vu mengen Ultra-Toure mam Vëlo, dee supported ass, wat awer, mengen ech, hei an dëse Länner noutwendeg ass, dat gesi mer all Kéiers, wa mer elo eng Grenz passéieren, do ass et scho wäertvoll, wann ee Leit vun der Organisatioun huet, déi do e bësse kënnen drécken. Wat awer eng Erfarung ass, déi och nei ass, am Grupp ze fueren, wou eeben oft ze séier gefuer gëtt, wou wann een dräi Männer zesummesetzt, da mengt jo ëmmer jiddwereen, et wär eng Course. Mee bon, do muss ee sech och upassen, jiddweree ka jo do op sengem eegenen Niveau fueren an et och emol genéissen.”
Wéi gesäit et mat den Téitschen aus?
“Jo, e bësse Pech och op enger Etapp, wou ech e klenge Crash hat am Bësch, wou ech dann och hu mussen en urgence, do an der Busch-Klinik, dat heescht am Camion, hu misste gebutt ginn, well dat awer eng relativ grouss Wonn war, wat awer do perfekt och vum Dokter, dee beim Team dobäi ass, gemaach ginn ass.”
Nach bis an den Abrëll eran dauert den Tour d’Afrique, bei deem den Dan Leiner matfiert. Wat sinn déi nächst Etappen?
“Sambia, Simbabwe, Botswana, Namibia, Südafrika, fir dann iergendwann den 20. Abrëll zu Kapstadt unzekommen. Mat enger grousser Virfreed, well dat wat mer bis elo gesinn hunn, virun allem hei an Afrika, dat ass wierklech beandrockend an et freet ee sech praktesch all Dag drop, fir déi Impressiounen erëm mat opzehuelen.”