
Den 31. Januar ass hie beim Tour d’Afrique gestart — eng Vëlostour vu Kairo bis Kapstadt, déi iwwer 8.000 bis 10.000 Kilometer an 80 Etappe féiert.
65 Joer huet den Dan an an deene leschte Joerzéngte war hien ëmmer nees bei Ultramarathonen oder laange Vëlostouren duerch verschidde Länner ënnerwee. Afrika stellt awer nach eng Kéier eng ganz speziell Erausfuerderung duer, besonnesch wéinst de klimatesche Konditiounen. „Wat mer méi eroffueren, wat mer méi an de Summer fueren, an do kréie mer Temperature vun iwwer 30 bis 40 Grad. Ech hu probéiert mech nach un d’Hëtzt ze gewinnen, och wann ech direkt e gudde Sonnebrand matbruecht hunn“, erzielt den Dan.
D’Stréck féiert duerch zéng afrikanesch Länner. Well an e puer Géigenden Onroue bestinn, kréien d’Participanten den exakte Streckeverlaf ëmmer eréischt den Dag virdru matgedeelt. Eng kanadesch Organisatioun suergt fir medezinesch an technesch Ënnerstëtzung, geschlof gëtt am Zelt.

De Sportler schätzt net nëmmen déi sportlech Leeschtung, mee an all deene Joren huet hien och gemierkt, wéi schéin et ass vill Léit ënnerwee ze begéinen. Hie war dacks zesumme mat senger Fra ënnerwee an huet gemierkt, wéi vill esou Reesen d’Vue op aner Kulturen änneren. „Wann d’Leit dech mam Vëlo gesinn, kritt een eng ganz aner Approche vun de Länner a vun de Leit,“ erkläert hien. „Vill waren erstaunt, dass och meng Fra mam Vëlo duerch verschidde Länner gefuer ass.“
Den Tour d’Afrique mëscht hien elo awer eleng. Ënnerwee a Richtung Kapstadt waarden nach vill Highlights op hien: Kenia, d’Victoria Falls oder och de Kilimandscharo, deen hien dës Kéier net eropklëmmt, mee mam Vëlo ëmfuere wäert. Nieft dem sportleche Challenge bleift hien och sengem Engagement trei: och bei dëser Rees sammelt hien nees Spende fir de gudden Zweck.
