ËmfroMajoritéit vun Däitsche gleeft net u Pandemie-Enn 2021

RTL Lëtzebuerg
Dat koum bei enger Ëmfro vum Meenungsfuerschungsinstitut YouGov eraus.
© AFP (Archiv)

59 Prozent vun de Leit hunn uginn, datt si net mengen, datt d’Pandemie um Enn vun 2021 fäerdeg ass. Ronn een Drëttel vun de Persoune war do méi optimistesch. 8 Prozent hu keng Äntwert ginn.

Fir d’Zäit no der Pandemie hunn d’Leit awer vill Pläng. 57 Prozent wëllen als éischt nees an de Restaurant iesse goen, 55 Prozent wëllen hir Frënn a Famill gesinn. Eng Auslandsrees wëllen 33 Prozent vun de Leit als éischt no der Pandemie maachen.

Back to Top
CIM LOGO