D’Dan Maas ass 1990 ugetrueden, fir den Dammentennis ze promovéieren an ass elo Directrice vum “Luxembourg Ladies Tennis Masters”. Zougesot hu fir déi éischt Editioun sou grouss Nimm wéi Jelena Jankovic an Kim Clijsters, zwou fréier Nummer Eente vun der Welt. Awer och d’Agnieszka Radwanska an d’Kiki Bertens, d’Martina Hingis (och fréier Nummer 1), d’Daniela Hantuchova, d’Mandy Minella an d’Julia Görges. Gespillt gëtt vun en Donneschdeg un an ze gesi sinn d’Matcher op RTL2, RTL play an rtl.lu.

D’Claudine Schaul huet sech scho mat 4 fir den Tennis entscheet an hat et 2004 bis op Platz 41 an der WTA-Lëscht bruecht. An hirer Zäit als Profi huet si een Titel am Eenzel an een am Doubel gewonnen, donieft huet d’Claudine 4 ITF-Tournoien am Eenzel an 3 am Doubel gewonnen. 2004 war si zu Athen bei den olympesche Spiller a beim Tennis Masters an der Coque ass si Sparring.

D’Kim Clijsters huet den Tournoi zu Lëtzebuerg 5x gewonnen an nächst Woch kënnt déi fréier Weltranglëschten 1 an d’Coque an domadder och op deen Tournoi, deen am nooste vun doheem ewech ass a wou si all Kéiers och vill Famill matbréngt. Lëtzebuerg, d’Organisateuren an de Public leien hir um Häerz a si freet sech elo schonn op hir Kontrahentinnen an op flotten Tennis.
D’Präisgeld vum Tournoi leit bei 100.000 Euro.
