#LGBTIQFreedomZoneManneken-Pis setzt en Zeeche géint Homophobie

RTL Lëtzebuerg
Mat enger faarweger Mask an enger Tenue vum Designer Jean-Paul Gaultier huet sech d'Worzeeche zu Bréissel fir d'LGBTIQ-Beweegung staark gemaach.
© AFP Archivbild

E Mëttwoch huet déi berüümte Figur en Zeeche fir d’Politiker, Regierungen an Decideure gesat, dass d’Diskriminéierung vu homo-, bi-, trans- an intersexuelle Mënschen (kuerz LGBTI) op kee Fall an Europa ze toleréieren ass. An deem Kader envisagéiert d’Europäescht Parlament d’EU als ""LGBTIQ Freedom Zone” ze deklaréieren.

D’Tenue hat de franséischen Designer Jean-Paul Gaultier 2015 kreéiert am Kader vun der “Gay-Pride-Parad” zu Bréissel.

An der Belsch ass et scho bal eng Traditioun, de klenge “Pinkel-Männchen” fir besonnesch Occasiounen anzekleeden. Bei Lännerspiller ass en zum Beispill am Trikot vun der belscher Futtballnationalekipp. Ma och fir Ouschteren, Chrëschtdag oder aner Feierdeeg presentéiert sech de Manneken-Pis an engem anere Gezei.

Bis 18 Auer ass de “Petit Julien”, wéi d’Bronzefigur och genannt gëtt, a senger Pride-Tenue, duerno wäert e wuel nees plakeg sinn.

Back to Top
CIM LOGO