System vun der SuperdreckskëschtManner Takeaway-Offall duerch EcoBox

RTL Lëtzebuerg
450 Tonnen Take-Away-Verpackungen aus Kartong sinn 2018 am Reschtoffall gelant.
Manner Takeaway-Offall duerch EcoBox
Duerch den Takeaway an d’Livraisounen, landen ëmmer méi Verpackungen am Reschtoffall. 450 Tonne waren et eleng 2018.

Dat kléngt schonn no immens vill, ma d’lescht an dëst Joer soll déi Zuel nach e Krack no uewe gaange sinn an och weider klammen. Grond dofir: d’Fermeture vum Horeca-Secteur. Duerch den Take-Away an d’Livraisoune landen ëmmer méi Verpackungen am Reschtoffall. Verschidde Betriber versichen awer, op Alternativen zréckzegräifen, wéi zum Beispill op d’EcoBox.

D’EcoBox ass e System vun der Superdreckskëscht, deen 2018 an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung ausgeschafft gouf. Mëttlerweil si 75.000 Boxen an Ëmlaf. Iwwer 270 Restauranten, Kantinnen an aner Institutioune maachen dobäi mat.

De System ass ganz einfach: Wéi eng Etablissementer d’EcoBox benotzen, erkennt een um Aktiouns-Logo. Hei kann een dann all Plat géint e Vidange vu 5 Euro an der EcoBox mathuelen. Nom Gebrauch soll een d’Box eng Kéier ausspullen. Antausche kann ee se dann erëm bei all Etablissement, dat bei der Aktioun matmécht. Hei kritt een dann de Vidange zréck oder eng nei, professionell gebotzten EcoBox.

Nieft der EcoBox ginn et natierlech och nach aner Alternativen. Verschidde Restauranten hunn zum Beispill hiren eegene System. Onkloer ass deelweis och, ob ee seng eege Behälter am Restaurant oder am Supermarché dierf befëlle loossen. De Ministère de la Santé seet awer ganz kloer, dass dëst erlaabt wier. Wichteg ass et dobäi awer, dass et keng Kräizung tëscht knaschteg a propper gëtt.

Dacks gi Barquetten an der Valorlux-Tut entsuergt ginn, déi awer net do era gehéieren. Momentan ginn et zu Lëtzebuerg 3 verschidde Systemer vun der Valorlux. Iert ee seng Barquette also dodran entsuergt, sollt ee sech informéieren, ob se wierklech do era gehéiert. Donieft kann een natierlech och op de Recycling-Zenter zréckgräifen. Kartongen, an deene Pizzae geliwwert goufen an doduerch verschmotzt sinn, dierfen net an d’Pabeier/Kartongs-Sammlung kommen, déi kommen an de Reschtoffall.

Back to Top
CIM LOGO