No Mësshandlungsvirwërf an AutobiographieMariah Carey vu Schwëster op Schmäerzensgeld verklot

RTL Lëtzebuerg
D'Alison A. Carey soll virun engem Geriicht zu New York géint de Contenue vum Mariah Carey hirer Autobiographie virgoen.
© AFP Archivbild

An “The Meaning of Mariah Carey” gëtt ënner anerem déi schlecht Bezéiung tëscht béide Fraen thematiséiert. D’Sängerin behaapt, als Kand vun hirer Schwëster mësshandelt ginn ze sinn. D’Alison A. Carey ass 8 Joer méi al wéi hir berüümt Schwëster.

An hirer Klo fuerdert si, wéi den Online-Portal “Variety” bericht, op d’mannst 1,25 Milliounen Dollar Schmäerzensgeld wéinst “emotionalem Leed” duerch eng “häerzlos, béisaarteg, rachsüchteg, eekleg a komplett onnéideg ëffentlech Humiliatioun”. Duerch déi “grausam a skandaléis Uschëllegungen” wier si “um Buedem zerstéiert”. Zanter der Verëffentlechung vum Buch wier si “schwéier depressiv”, esou nach d’Alison A. Carey.

D’Mariah Carey soll nach net reagéiert hunn. “The Meaning of Mariah Carey” war leschten Hierscht erauskomm a gouf zum Bestseller. D’Sängerin huet scho verlaude gelooss, aus dem Buch wëllen e Film oder eng Mini-Serie ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO