#FreeCuthbertMarks and Spencer an Aldi UK streide sech ëm Kuch a Raupe-Form

RTL Lëtzebuerg
M&S huet esouguer eng Plainte géint Aldi gemaach, well déi e Schockelaskuch erausbruecht hunn, deen hirer Versioun staark änelt.
Aldi UK huet Humor bewisen an an dem Sträit ëm d'Rechter vum Cuthbert hir Raup emol virsiichtshallwer an de Prisong gesat.
Aldi UK huet Humor bewisen an an dem Sträit ëm d’Rechter vum Cuthbert hir Raup emol virsiichtshallwer an de Prisong gesat.

Beim Marks and Spencer kritt een de “Colin the Caterpillar” ze kafen, Aldi verkeeft e ganz änleche Kuch mam Numm “Cuthbert the Caterpillar”. M&S argumentéiert, datt de Kuch vun Aldi hirem esou änlech wier, datt een d’Clientë géif täuschen. De Kuch wier “geeschtegt Eegentum” vu Marks and Spencer an Aldi misst verbuede kréien, en änleche Kuch ze verkafen.

Via Twitter huet Aldi erkläert, datt de Cuthbert eng eemoleg Aktioun wier, mat där ee Sue fir de gudden Zweck géif sammelen. Donieft hu si M&S gefrot: “Kënnen de Colin an de Cuthbert keng Frënn sinn?

Weider huet den Discounter all déi aner Supermarchéen am Land opgeruff, déi en änleche Kuch verkafen, fir d’Suen, déi dobäi erakommen, och fir de gudden Zweck ze spenden.

M&S huet hat dorobber reagéiert an d’Iddie mam Spende gutt fonnt. Si hunn Aldi awer proposéiert, dofir en eegene Charakter ze kréien, wéi de “Kevin the Carrotcake” ubidden. Si géifen Aldi dann och verspriechen, selwer net de “Keith” an d’Liewen ze ruffen.

Ma nieft Aldi an M&S bidden och nach aner Supermarchéen Kuch a Form vun enger Raup un. Waitrose huet annoncéiert, datt si sech Aldi géifen uschléissen an hire “Cecile” fir de gudden Zweck géife verkafen.

Back to Top
CIM LOGO