
Nodeems si drop opmierksam gemaach gouf, datt si ouni Mask de Buttek misst verloossen, wousst si sech ze hëllefen. Si huet kuerzerhand hir ënnescht Box ausgedoen an déi iwwer Mond a Nues gezunn.
Mä net jiddereen war begeeschtert vun dëser Iddi. D’Fra huet misse op der Plaz d’Gebai verloossen. Ob si spéiderhi mat Mask zeréckkoum, ass net gewosst.