
Den Oscar-Gewënner huet am Podcast “The Balanced Voice” verroden, dass hien eventuell fir d’Amt vum Gouverneur a senger Heemecht Texas kandidéiere wëll. Den Ament befaasst sech den Acteur mat senger Kandidatur. Et wier eng “eescht Iwwerleeung”, huet hien am Podcast zouginn. 2020 hat den Acteur schonn an engem Interview ugedeit, wëllen an der Politik aktiv ze ginn.
Allerdéngs wier senger Meenung no d’Politik e “futtis Geschäft”. Dowéinst misst hiren Zweck nei definéiert ginn.
Onkloer ass den Ament, ob hien als Demokrat, Republikaner oder onofhängege Kandidat untriede wëll.
Et ass net déi éischte Kéier, dass e berüümte Schauspiller an den USA de Wee vun der Filmbranche an d’Politik goe wëll. Den Arnold Schwarzenegger war vun 2003 fir 2 Amtszäite Gouverneur vu Kalifornien an de fréiere Filmstar Ronald Reagan gouf an de 80er Joren als US-President gewielt.
De Matthew McConaughey huet ënnert anerem a Filmer wéi “Magic Mike”, “The Wolf of Wall Street”, “Dallas Buyers Club” an “The Wedding Planner” matgespillt.