
Am Joer 963 huet de Grof Siegfried der Abtei Tréier e Fiels iwwert dem Uelzechtdall ofkaaft. Deemools stoung do eng kleng Festung déi als “Lucilinburhuc” bekannt war. Dës Festung war warscheinlech nach zu Zäite vun de Réimer gebaut ginn. Sou, dat kléngt jo schonn emol e bësse wéi “Lëtzebuerg” an et war och déi éischte Kéier, dass den Numm an engem Dokument ernimmt gouf. “Lucilinburhuc” heescht “kleng Buerg” an aus der Festung ass no an no eng Stad entstanen. Den Numm huet sech iwwert d’Zäit liicht verännert, gouf zu “Lützelburg” a schlussendlech am 19. Joerhonnert zu “Lëtzebuerg”.
Caption: Dëst ass eent vun den eelsten Dokumenter aus dem Joer 1649 aus der Fieder vum hollännesche Kënschtler a Kartograph Joan Blaeu. Et weist eng Vue op d’Stad Lëtzebuerg.

D’Stad Lëtzebuerg an hir Ëmgéigend bidden en eenzegaartege Mix aus historescher a moderner Architektur, aus Natur a kulturelle Monumenter.
D’Haaptstad huet vill Facetten: Vun der Alstad mat hire klengen historesche Gässelcher an Erënnerungen un déi mëttelalterlech Festung, iwwert d’Péitruss, den Uelzechtdall, bis bei de Kierchbierg, d’Häerz vun der Finanzplaz, mat senge moderne Bürosgebaier a groussen Avenuen.

Ob Dir zu Lëtzebuerg wunnt oder just op Besuch hei sidd, d’Luxembourg City Promenade for Kids ass eng wonnerbar Manéier, fir déi al Festungsstad besser kennenzeléieren. Kanner am Schoulalter kënne sech mat der Broschür vum Luxembourg City Tourist Centre (LCTO) op de Wee maachen. Vum Knuedler aus féiert de Parcours laanscht 11 Sehenswierdegkeeten, wéi zum Beispill de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg, d’Kathedral Notre Dame an de
groussherzogleche Palais.
Wärend dem Parcours kënnen d’Kanner Indizie sammelen a se duerno zu engem Code zesummesetzen. Am Büro vum LCTO kënne si mat dem Code e Safe opmaachen, an deem eng flott Iwwerraschung op déi kleng Spueresammler waart.

Offiziell deen éischte Lëtzebuerger ass de “Loschbour-Mann”, dee virun iwwer 8.000 Joer gelieft huet. Säi Skelett, dat 1935 vum Schoulmeeschter an Amateur-Archeolog Nicolas Thill fonnt gouf, war am Mëllerdaller Sandstee verstoppt. Et ass dat eelste komplett erhalent Skelett, dat jeemools hei am Land fonnt gouf. Beim Skelett gouf eng Rëtsch vun Artefakte fonnt, déi de Schloss zouloossen, dass de Mann an enger richteger Begriefniszeremonie bäigesat gouf. Am
Naturmusée am Gronn kann een d’Skelett an eng 3D Rekonstruktioun vum “Loschi” kucke goen.
Op der rouder Couche am Entréesberäich vum Musée kënnt Dir Iech souguer ee Moment nieft hie sëtzen an domat dem éischten offizielle Lëtzebuerger ganz offiziell Moie soen!

De Michel Rodange (1827-1876) war e Lëtzebuerger Schrëftsteller, deen eigentlech eréischt no sengem Doud richteg berüümt gouf. Säi wichtegst Wierk, de “Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst” gouf am Joer 1872 publizéiert. Et ass e satirescht Wierk, dat sech um Goethe sengem “Reineke Fuchs” inspiréiert. Domat ass de Michel Rodange wuel ville vu sengen Zäitgenosse ferm op d’Féiss getrëppelt. Vill vu senge Personnagen erënneren u Leit, déi den Ament tatsächlech zu Lëtzebuerg gelieft hunn. An deene 14 Gesäng vum Renert kritiséiert den Auteur d’gesellschaftlecht a politescht Liewe vu senger Zäit. Hie prangert Phenomener wéi Pressezensur, Pedophilie a Geldgier un, an huet sech domat sécher net nëmme Frënn gemaach. Dass aus sengem Spottgedicht de Lëtzebuerger Nationalepos géif ginn, dat hätt dee gebiertege Waldbëlleger, e Jong aus einfache Verhältnisser, sech net dreeme gelooss. En huet den Erfolleg vu sengem Renert och net méi materlieft. 1876 ass hien un de Suitte vun engem Moschwier gestuerwen. Eréischt 1932 gouf um Knuedler d’Statue vum Renert opgeriicht an erënnert zënterhier d’Passanten un eent vun de grousse Wierker vun der Lëtzebuerger Literatur an u säin Auteur, de Michel Rodange.

Typesch Lëtzebuerger Spezialitéite wéi Bouneschlupp oder Feierstengszalot kritt Dir am Restaurant “Am Tiirmschen” zerwéiert. Dat ganzt mat mëttelalterleche Flair an engem ganz spezielle Kader.
A wann d’Wieder et zouléisst, kënnt Dir dës an aner Delikatessen och op der Terrasse genéissen.


De Boy Konen Bike Park zu Zéisseng bitt eng grouss Auswiel u Mountain Bike Tracks, an ausserdeem fannt Dir hei: tabletop, enduro track oder BMX track. E Paradäis fir Mountainbiker vu 6 Joer un! Um Terrain vum Sportkomplex kann een och Beach Volleyball a Futtball spillen.

“Pipistrelle” ass dat italienescht Wuert fir “Flantermaus” an et ass och den Numm vun engem klenge Boutique Hotel am Gronn. Deen Numm ass keen Zoufall: déi 4 Suitë vum Hotel sinn an de Fiels gehaen, an engem Deel vun der fréierer Festungsmauer. Do haten och eng Rëtsch Flantermais hiert Doheem.
Spadséiert laanscht eng Munitiounsfabrick an entdeckt d’Géigend ronderëm den Atelier Schläifmillen, wou d’Kënschtler a fréier Squatten hirer Aarbecht noginn.

De Bouneweeger Rondwee fänkt bei der Uelzechtbréck un, a féiert direkt an de Bësch. Genéisst d’Vue op déi al Uewerstad an op d’Polvermillen. Dëse Quartier huet säin Numm vun enger aler Millen, wou wärend der Festungszäit Schéisspolver hiergestallt gouf. Weider geet et laanscht d’Uelzecht bis bei d’"Schläifmillen”, eng fréier Textilfabrick déi deelweis an e Konschtatelier ëmfunktionéiert gouf. De Projet Schläifmillen geet op d’Joer 1986 zeréck. Deemools hat e Kënschtlerkollektiv, deem et u adequate Strukture gefeelt huet (e Problem mat deem och haut nach vill Kënschtler konfrontéiert sinn), decidéiert, d’Industriebrooche fir hir Aarbecht ze besetzen an ze notzen.
Déi haiteg Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, déi och deemools Buergermeeschtesch war, huet decidéiert, de Projet z’ënnerstëtzen an huet dem Kënschtlerkollektiv den Accès op deen denkmalgeschützte Site gratis zougestanen.

Déi meescht vun Iech dierften dat berüümte “Pirateschëff” am Park kennen, mä et ginn nach ganz vill aner flott Spillplazen, déi sech dacks op e bestëmmten Thema konzentréieren. Um Cents ass dat zum Beispill d’Loftfaart. Mat engem Check-in, Gepäckweenercher, a villen aneren Detailer géif ee mengen, et wier een op engem echte Fluchhafen. A mat der Geräischkuliss vum Findel, dee jo net wäit ewech ass, ass d’Illusioun perfekt!


Eng aner Welt ass d’Weltraum-Spillplaz zu Bouneweg. Nieft dem grousse Raumschëff bitt de Park e Ping-Pong-Dësch, eng Bowling-Bunn, e Fitness-Areal an eng Plaz, fir a Rou Schach ze spillen. A fir déi waarm Summerdeeg ginn et Waasser-Installatiounen.
Wéi op engem Bauerenhaff kënnt ee sech vir, wann een zu Gaasperech op der Spillplaz ass. Ronderëm déi grouss Scheier mat engem Schwéngsstall, Brécke, Seeler a Rutschbanen dierfen natierlech och en Trakter an e Päerdswon net feelen. Déiere ginn et natierlech och; si sinn allerdéngs just aus Holz.
Déi komplett Lëscht vun de Stater Spillplaze fannt Dir hei.

Villäicht sinn Iech déi gréng Paarten opgefall, déi iwwerall uechter d’Stad ze gesi sinn, an Dir hutt Iech ëmmer scho gefrot, wou si hiféieren?

Dohanner verstoppt sech dacks den Accès op d’Verdeedegungsanlage vun der Festung, an et ass och a vill Fäll méiglech, fir se kucken ze goen. D’”Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg” bidde reegelméisseg Touren an dës Galerien un, déi ursprénglech am 17. Joerhonnert ënnert der Spuenescher Herrschaft ugeluecht goufen an zënterhier zweemol erweidert goufen. Dës Visitte si meeschtens op Lëtzebuergesch, mä op Ufro si se och op Englesch méiglech.

D’Haus vun der Natur huet ëmmer e gudde Rot parat, wann et ëm Naturschutz geet. Sief et Informatiounen zu geschützten Déieren a Planzen, Gesetzer ronderëm den Natur an Ëmweltschutz, hei kritt Dir eng Äntwert op Är Froen. D’Haus vun der Natur gouf an engem ale Bauerenhaff ageriicht, an deem 5 Famille gewunnt hunn, bis en am Joer 1953 vun der Stad Lëtzebuerg opkaaft gouf. Fir Kanner an Erwuessener gëtt et e Mini-Bauerenhaff, e Beiestack an
divers Aktivitéiten. Zum Beispill kann een an engem traditionellen Uewe säin eegent Brout baken a fir dobäi gëtt et Sauerram mat Kraider, déi ee selwer am Gaart sammele kann.
De Projet 2000 m2 illustréiert den Zesummenhang tëscht eisen Iessgewunnechten, der Landwirtschaft an dem Naturschutz, dat an engem Feld direkt nieft dem Haus. All déi gutt Saachen, déi op dësem Feld ugebaut ginn, sinn op engem Weenchen ausgestallt...an d’Gäscht vum Haus vun der Natur dierfe sech do souguer zerwéieren! Natierlech just soulaang, wéi nach eppes do ass.


E bësse Chance ass dobäi, fir eng vun de Parzellen ofzekréien, déi de “Gaart an Heem” verlount. Mä et ass derwäert! Hei kënnt Dir är eege Friichten, Blummen an natierlech och Geméis uplanzen. Esou Schrebergäert ginn et iwwerall am Land, vill dovun och an der Stad.

Wou se ze fanne sinn, gesitt Dir hei. Fir weider Informatiounen, wennt Iech un administratioun@ctf.lu
Denkt drun: wéinst der Covid-19 Situatioun kënnen et zu all Ament Ännerunge ginn, liest wgl. d’Informatiounen op de respektive Websäiten!